Home

Home

Foto-Affiche-Turlatäin1E ronne Gebuertsdag steet an d’Haus. Gefeiert gëtt en „toute intimité“, am engste Familjekrees. Eng gutt Geleeënheet fir sech erëm ze gesinn, a sech esou ze gi wéi ee wierklech ass.  Et gesäit jo keen et. Et ass ee jo ënnert sech. A wat an der Famill geschitt, geet déi aner näischt un. Et gëtt debatéiert, philosophéiert, beschass , gestridden, gelaacht , gesongen an et ass een ëmmer erëm iwwerrascht iwwert deem anere seng Naupen a Gewunnechten, obschonns ee gemengt huet, et géif een déi besser kenne wéi seng eege Boxentäsch, jee…….en Turlatäin ouni Enn.

Makadammen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor
Musek a musikalesch Begleedung: Netty Glesener
Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor
Regie: Jacqueline Posing
Dekor: Christian Klein
Kostümer: Christian Klein an Yvette Engel
Affiche a Fotoen: Pitt Becker
Beliichtung an Technik: On Stage Light