Deemols

Deemols

Am Februar 2001 huet de „Conseil national des femmes du Luxembourg“ d’Gemengen opgefuerdert eppes ze organiséieren fir „d’Journée internationale de la Femme“. Doropshin si mer vun Dammen aus der Gemeng Réiser gefrot ginn op mir als d’Frae vum Lëtzebuerger Theater hinnen net wéilten e puer Sketcher virdroen.

Mir hunn dunn e klenge Programm zesummegestallt an haten deen Owend (7 März 2001) vill Succès a si vun e puer Leit aus dem Sall gefrot gin fir de Programm och bei hinnen opzeféieren. Mir hun eis en Numm gesicht deen haaptsächlech gudd sollt klengen an d’Makadammen ware gebuer.

Et mécht eis vill Spaass well et ass een mat Cabaret vill méi no beim Publique an et kann een an méi luesen an nuancéierten Téin spille wéi op der grousser Bühn. Eisen Programm „Reng geheekelt“ hu mer dunn am Summer 2002 erausgesicht an ënnert der Regie vum Conny Scheel astudéiert.

Zanter Ufank 2002 ass d’Netty Glesener fir d’Musék zoustänneg.